Klassik aktuell
E Pionéier
D'Museksgeschicht zu Lëtzebuerg ass enk verknëppt mam Numm Henri Pensis. De Grënnerdirigent vum fréieren RTL-Orchester - haut de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg - huet d'Museksliewen zu Lëtzebuerg op munch Fassong ugekierpt. Hien huet aus dem Näischt e Symphonieorchester forméiert, huet international Vedetten an d'Land bruecht a virun allem déi einheimesch Komponisten inspiréiert a gefërdert. "Der beste Musiker, der Luxemburg bisher hervorgebracht hat", zitéiert de Loll Weber a senger Pensis-Biographie de Walter Kolneder, fréieren Direkter vum Stater Conservatoire. Fir den 120. Gebuertsdag vum Henri Pensis gouf u sengem Heemechtshaus am Pafendall eng Gedenkplack ageweit.