arrow_back_ios
Klassik aktuell
Een Universalkënschtler
De Ferruccio Busoni war een Universalkënschtler, e Mënsch, dee sech fir Wëssenschaft, Molerei, Literatur a Musek begeeschtere konnt. Ugefaangen huet déi international Karriär vun dësem faustesche Geléierten am Alter vu siwe Joer. De 24. November 1873 hat de Fils vun engem Klarinettist an enger Pianistin säin éischten Optrëtt zu Triest mat Wierker vu Mozart, Schumann a Clementi.