arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Lëtzebuerger beim Pablo-Casals-Concours
Bei engem internationale Museksconcours, deen och nach weltrenomméiert ass, kommen déi bescht Museker an hirem Fach zesummen, fir sech engem Fachjury ze presentéieren. De Lëtzebuerger Cellist Benjamin Kruithof, 21 Joer jonk, huet beim Pablo-Casals-Concours Editioun 2020 matgemaach. Och wann hien net ënner deenen dräi Gewënner derbäi ass, ass hien awer net mat eidelen Hänn aus dem Concours erausgaangen. De Manuel Ribeiro huet sech mam Benjamin Kruithof ënnerhalen.