Europa Aktuell
Kann d'EU de Veto vu Polen an Ungarn ëmgoen?
Déi europäesch Wirtschaft leit ënner der Corona-Kris - elo duerch deen zweeten Lockdown, deen et a ville Länner gëtt, nach méi wéi erwaart. Matten an där Kris blockéieren zwee Länner den europäesche Budget - an domat och den Fonds de Relance - duerch deen Anti-Krise-Mesurë solle finanzéiert ginn.
Wéi soll d'EU elo reagéieren? Wéi eng Weeër gëtt et fir déi Suen, déi dréngend gebraucht ginn, awer esou séier wéi méiglech ze deblockéieren?
D'Danièle Weber huet mam Jörg Gerkrath, Professor op der Uni Lëtzebuerg an Expert am europäeschen Droit geschwat.