arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Kand an der Natur
De 25. November 1901 feiert de Gustav Mahler d'Uropféierung vu senger véierter Sinfonie. Wärend se deemools beim Publikum duerchfält ass d'Situatioun haut eng aner. Duerch déi lëschteg Melodien an d'Allusiounen un d'Natur gëtt dëst Wierk ëmmer erëm gäre gelauschtert a fëllt reegelméisseg ganz Concertssäll.