arrow_back_ios
Europa Aktuell
Gender-Diskussiounen an der EU
Um internationalen Dag gëschter géint d'Gewalt géint Fraen huet d'Europäesch Kommissioun een Aktiounsplang virgestallt, dee fir méi Chancëgläichheet suerge soll. D'Kommissioun wëllt méi enk mat de Partnerlänner baussent der Unioun zesummeschaffen. An Zukunft solle 85 Prozent vun de proposéierten Aktiounen d'Egalitéit vun de Genrë mat als Zil hunn.
Allerdéngs hu verschidden Debatten, déi gëschter am Europaparlament waren, gewisen - datt d'EU och muss virun der eegener Dier kieren. D'Danièle Weber informéiert.