Klassik aktuell
Wäiss a Schwaarz mam Jean Muller
Als Invité an der Emissioun Wäiss a Schwaarz proposéiert de Jean Muller dëse Sonndeg (29.11) en Abléck an dem Ludwig van Beethoven seng Sonaten Nr. 30 an Nr. 31. Zesumme mam Luc Boentges geet de Pianist an d'Déift vun dësen zwee Wierker, proposéiert Tounbeispiller an interpretéiert allkéiers dee leschte Saz vun dësen zwou Sonaten um Fligel am Studio 8 vum radio 100,7. Emotional geet et an dëse Wierker vun der gréisster Depressioun an eng Apotheose, mat dertëschent intellektuelle Konstrukter an Amenter voller Fridden.