arrow_back_ios
Klassik aktuell
Kee konventionelle Komponist
De Schwäizer Komponist Arthur Honegger huet déi meeschten Zäit vu sengem Liewen a Frankräich verbruecht. Zu Le Havre ass hie gebuer an zu Paräis huet hie studéiert. Mee d'Schwäiz war ni ganz vergiess, a méi wéi eng Kéier sollt hie berufflech a seng "Heemecht" reesen. Dem Arthur Honegger seng Musek ass gepräägt vun zwou Eegenschaften: Traditioun a Modernitéit. De Komponist ass de 27. November 1955 gestuerwen.