arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Tout est au mieux dans le meilleur des mondes"
"Candide" ass an der éischter Versioun eng Operette an zwee Akten vum Leonard Bernstein, mat engem Libretto vum Lillian Hellman. Et baséiert op dem satiresche Roman "Candide ou l'Optimisme" vum franséische Philosoph Voltaire.
D'Uropféierung vun dëser éischter Versioun war den 1. Dezember 1956 mat nëmme wéineg Erfolleg, déi dowéinst spéider revidéiert gëtt. "Candide" wäert awer ëmmer am Schiet vum Komponist senger "West Side Story" bleiwen.