arrow_back_ios
Klassik aktuell
Eng lescht kreativ Meeschterleeschtung
Am Januar 1938 ass deen ungaresche Komponist Bela Bartok zu Lëtzebuerg als Solist an engem Concert mam deemolegen RTL-Orchester. Zwee Joer drop emigréiert den Anti-Faschist Bartok an d'USA, déi lescht Statioun a sengem Liewen, déi ëm net vill Freed mécht - mat enger Ausnam. Zu New York schreift hien de Concerto fir Orchester, deen den 1. Dezember 1944 zu Boston seng gefeiert Première huet. Et ass dem Bela Bartok säi lescht grousst Orchesterwierk.