arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Das Herz geht einem dabei auf"
De Johannes Brahms hat et net ëmmer einfach mat senge Sinfonien. Et ass wuel bekannt, wéi schwéier et him gefall ass seng éischt Kontributioun zu där Gattung op Pabeier ze bréngen. A wann hie seng Wierker dann engem Publikum virgespillt huet, waren d'Reaktiounen net ëmmer all positiv. Bei enger Sinfonie ware sech awer op d'mannst seng Frënn eens. Rieds ass vum Brahms senger drëtter Sinfonie. De Luc Boentges werft e Bléck op d'Reaktiounen, déi dëst Wierk ausgeléist huet.