arrow_back_ios
Klassik aktuell
"The Musical Event of the Year"
England hat am Ufank vum 20. Joerhonnert eng ganz wibbeleg Musekszeen, déi mat enger jonker Generatioun vun einheimesche Komponisten nei Impulser krut. E vun de Protagoniste war den Edward Elgar, de sech, grad wéi vill aner Komponiste virun him, schwéier gedoen huet, eng Symphonie ze schreiwen. Zu Onrecht, wéi d'Première vu senger éischter Symphonie, den 3. Dezember 1908 zu Manchester gewisen huet.