Klassik aktuell
Déi romantesch Gittar
Déi romantesch Gittar ass keen Instrument vun haut, déi mat liichtem Kascht ze héieren ass. Dës Gittar kënnt aus dem Enn vum 18. an dem Ufank vum 19. Joerhonnert a gouf an Italien, mee och vill zu Wien gespillt mat Komponisten wéi de Mauro Giuliani, Ferdinando Carulli, Johann Kaspar Mertz. Ënner dem Motto "La guitare romantique" ass muer den Owend (08.12.2020) um 19.30 Auer e Concert am Stater Conservatoire - Concert, deen een iwwer Live-Stream um Site vum Stater Conservatoire suivéieren kann. De Manuel Ribeiro huet mam Hany Heshmat, Enseignant fir Gittar am Stater Conservatoire, geschwat.