Klassik aktuell
De Quintett pentaTon mat enger Creatioun vum Marco Pütz
De Bléiserquintett pentaTon setzt sech zesummen aus véier Schwäizer an enger Lëtzebuerger Musekerin, déi sech während hire Studien zu Zürich kennegeléiert hunn. Zanterdeem hunn se Concourse gewonnen, Disken erausginn an eng etlech Concerte gespillt. Mer den Owend (09.12.2020) spillt pentaTon e Concert am CAPE, deen als Live-Stream iwwert de Site vum Kulturhaus ze gesinn ass. Um Programm steet d'Kreatioun vum zweete Bléiserquintett vum Marco Pütz. D'Flüttistin Aniela Stoffels war beim Manuel Ribeiro am Studio, fir iwwer den Optrëtt ze schwätzen.