Panorama
Panorama
V-Day a Groussbritannien: Vun haut un sollen do déi éischt Leit géint de Coronavirus geimpft ginn Brexit: De brittesche Premier soll an de nächsten Deeg op Bréissel reese fir mat der EU Kommissiounspresidentin d'Sträitpunkte fir en ugestrieften Handelsaccord tëscht Groussbritannien an der EU nach emol duerchzehuelen 1,44 Milliarden Euro: D'Depensë vun der Stad Lëtzebuerg am Budget d'nächst Joer ware nach ni sou héich USA: Fréier Generol Lloyd Austin soll als éischten Afro-Amerikaner US Verdeedegungsminister ënnert dem Joe Biden ginn Neuseeland: De Massaker vu Christchurch hätt net kënne verhënnert ginn. Et wieren awer Feeler geschitt virun der Attack, sou d'Konklusioun vun engem Enquête-Rapport Futtball: An der Qualifikatioun fir d'Weltmeeschterschaft 2022 spillt Lëtzebuerg d'nächst Joer ënner anerem géint Portugal