Kultur
Eng Gebuert/ a schwaarzwäiss/ zu Klierf
Eng un de bedeitendste Musées-Sammlungen fir an zu Lëtzebuerg ass d'"Family of Man". D'Foto-Text-Installatioun vum Edward Steichen ass weltwäit vun iwwer 10 Millioune Mënsche gesi ginn a gehéiert zanter 2003 zum Weltkulturierwen. Zanter 1994 gëtt se als permanent Expo am Klierfer Schlass presentéiert. Da misst jo jidderee se gutt kennen? D'Kerstin Thalau an d'Équipe vu Klierf hunn décidéiert, eenzel Wierker nach emol, oder nei, an Erënnerung ze ruffen. D'Carole Schmit, Konschtenseignante a mat zoustänneg fir de pädagogesche Programm ronderëm d'"Family of Man", huet beim Choix vun enger Foto net laang gezéckt.