Europa Aktuell
Keen Accord iwwer d'Koordinatioun vu Sécurité Sociale Systemer
Frontalieren, déi an engem Nopeschland schaffen an hir Aarbecht verléieren, sollten déi nämmlecht Rechter hunn, wéi d'Leit, déi an deem Land wunnen. Dat war eent vun den Ziler vun engem EU-Reglement, iwwer dat elo schonn zanter Joren diskutéiert gëtt.
Fir de Lëtzebuerger Staat kéint dat deier ginn. Am Mäerz zejoert ware sech d'EU-Länner awer provisoresch iwwer en Reglement eens ginn. Deen Accord gouf duerno allerdéngs nees vu verschiddene Länner gekippt. Lëtzebuerg war eent vun deene Länner.
Duerno gouf viruverhandelt. Dës Woch ass awer kloer ginn: Och 2020 gëtt ee sech an dësem Dossier net méi eens.
D'Danièle Weber iwwer dee leschte Stand.