Kultur
D'Wäschfraen aus der Family of Man
Viru 65 Joer hat d'Foto-Ausstellung "Family of Man" hiren éischte Vernissage am MoMA, dem Museum of Modern Art zu New York. De lëtzebuergesch-amerikanesche Fotograf Edward Steichen hat dofir, aus iwwer zwou Millioune Biller, zirka 500 Fotoe vu knapps 300 Fotografen aus 70 Länner erausgewielt. Zanter 1994 ass d'"Family of Man" am Klierfer Schlass doheem.
D'Kerstin Thalau ass vum Konschtenseignant Olivier Pierson, dee mat responsabel fir de pedagogesche Programm ronderëm d'Fotoexpo ass, gewuer ginn, wéi eng Foto säi Coup de coeur ass.