arrow_back_ios
Fräie Mikro
Gewalt géint Fraen - awer d'Männer net vergiessen
Orange Masken, orange beliichte Gebaier, orange Profilfotoen op Facebook an eng etlech 100,7-Emissiounen - sinn all Deel vun där sougenannter Orange Week. Dobäi handelt et sech ëm eng international UNO-Campagne vum 25. November bis den 10. Dezember, déi dem Kampf géint Gewalt géint Fraen a Meedercher verschriwwen ass. "A wat ass mat de Männer?", froe sech eng sëlleg Persounen an de soziale Netzwierker. Domat befaasst d'Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender sech an hirem Fräie Mikro.