Al Schanken
Al Schanken
D'80er si vertruede mat bekannten Nimm awer och mam kanadesche One-Hit-Wonder Martha Johnson ... an de 70er Joren huet eng musikalesch Statioun vum Steve Winwood Traffic geheescht, bei där hien a seng Uergel méi Fräiheeten hate wéi an der Spencer Davis Group - hei hat de jonke Winwood ugefaangen ... d'Inspiral Carpets aus der Madchester-Zeen hunn ufanks den 90er munches versprach, mee no der Trennung vu Mute Records si si ënnergaangen ... an de Rockpionéier Eric Burdon beweist, datt hien esouwuel de Blues wéi och de latin groove drop huet ... déi a méi fir eng Stonn Rock a Pop vu gëschter a virgëschter.
Op der Playlëscht vun haut:
Echo & the Bunnymen - Do It Clean (1980)
The Cure - A Forest (1980)
Martha & the Muffins - Echo Beach (1980)
Inspiral Carpets - The Way The Light Falls (1994)
Lou Reed - New Sensations (1984)
Traffic - Light Up Or Leave Me Alone live (1973)
Eric Burdon - Don't Ever Let Nobody Drag Your Spirit Down (2006)
Eric Burdon & War - Spill The Wine (1970)
Roxy Music - Love Is The Drug (1975)
Talking Heads - Psycho Killer (1977)
The Allman Brothers Band - Kind Of Bird (1991)