Album vun der Woch
Luka Kuplowsky - Stardust
Zanter engem klenge Joerzéngt schafft de Luka Kuplowsky u senger intimer Approche. No an no hu sech seng Kompositioune vu réi op reng gewandelt, seng Stëmm huet hir Rou fonnt, d'Intensitéit sech konzentréiert. Dem Singer-Songwriter vun Toronto seng Musek ass virun allem introspektiv.
An dëst Joer huet sech déi Qualitéit natierlech verstäerkt an der Gesellschaft, der Kultur bemierkbar gemaach. Mat sengem bedächtege Stil, senger roueger Manéier seng Gedanke, wéi e lues awer determinéierte Floss ze formuléieren, baut de Luka Kuplowsky eng ganz ënnerdriwwe Stëmmung op, wou sech un de Mystère vum Kosmos erugetaascht gëtt.
Den Jamie Reinert huet an dem Kanadier säin nei Wierk "Stardust" eragelauschtert.