Kultur
Den Adriano Amaral hannerfreet d'Natur vu Matièren
D'Kollektioun vum Mudam setzt sech haut aus zirka 700 Wierker zesummen. Dorënner sinn Aarbechte vun der Simone Decker, der Su-Mei Tse, der Tina Gillen, dem Bert Theis: fir e puer Lëtzebuerger Kënschtler ze nennen. Mee och grouss international Nimm dierfen net feelen, wéi d'Marina Abramovic, den Tony Cragg, de William Kentridge. An da sinn Acquisitioune vu villverspriechenden Talenter gemaach ginn: d'Marie-Noëlle Farcy, déi Responsabel vun der Sammlung an d'Kerstin Thalau iwwer e Skulpturenensembel vum Brasilianer Adriano Amaral.