arrow_back_ios
Klassik aktuell
Oper héichkonzentréiert
Dräimol Oper an héichkonzentréierter Form - mat sengem "Trittico" huet den Giacomo Puccini ee bis haut aussergewéinlecht Konzept op d'Bün bruecht. Jalousië gouf et awer net just an den Opere selwer, mee, bildlech geschwat och ënner den Eenakter, vun deenen "Gianni Schicchi" de populäersten ass an dowéinst gären als eenzelt Wierk gewise gëtt. Dat ass net dat, wat de Puccini sech virgestallt hat.