arrow_back_ios
Fräie Mikro
Covid-Kris, Klimakris a Chrëschtdag
D'Covid-Kris huet derzou geféiert, datt weltwäit Aarmut an Honger nees ganz staark zouhuelen. Déi selwecht Länner leiden als éischt ënner der Klimakris. Dogéint steet e Land wéi Lëtzebuerger bei de Gewënner vun der Steierflucht aus deenen aarme Länner.
De Michel Pauly, Senior-Professer op der Uni Lëtzebuerg a Mataarbechter vun der Zäitschrëft forum, konfrontéiert déi Tatsaache mam Message aus der Chrëschtgeschicht an der leschter Enzyklika vum Poopst Franziskus.