Panorama
Panorama
D'Personal an de Spideeler wär midd a gestresst, de partielle Lockdown zu Lëtzebuerg géif de Spideeler awer net wierklech gutt Perspektive fir eng Entlaaschtung ginn, sot den Dr. Philippe Turk de Moien op eiser Antenn De Sträit tëschent der Staatsbeamtegewerkschaft an der Regierung spëtzt sech zou. D'CGFP huet eng Schlichtungsprozedur géint d'Regierung lancéiert, Hannergrond ass de Virworf vun enger schläichender Privatiséierung am ëffentlechen Déngscht An den USA gouf dem Demokrat Joe Biden seng Victoire bei de Presidentewale vun de Walleit am Electroal College confirméiert. An den amerikanesche Justizminister William Barr huet säi Récktrëtt annoncéiert A Groussbritannie gouf eng nei Variant vum Coronavirus detektéiert, et géif awer näischt drop hiweisen, datt se méi geféierlech wär, oder datt den Impfstoff net dergéint géif wierken, seet de brittesche Gesondheetsminister Neie Lockdown vun haut un an Holland Frankräich kënnt haut aus dem zweete Confinement eraus, et bleift awer ënner anerem eng Ausgangsspär nuets