De Gast Waltzing huet de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg fir d'Opnamen dirigéiert, déi spéider am Lëtzebuerger Pavillon op der Expo 2020 zu Dubai ze héiere sinn. Komponéiert gouf dës Musek vum Berliner Kollektiv Kling Klang Klong.
Am Gespréich mam Luc Boentges gëtt de Gast Waltzing en Abléck a seng Gedanken a Froen zu dësem Projet.