Den Tram fiert elo bis op d'Gare, wat eng Opwäertung vum Quartier mat sech bréngt. Dat huet sech déi lescht Jore schonn annoncéiert: D'Logements- a Bürospräisser sinn och hei enorm geklommen, vill schick Butteker a Restaurante si bäikomm. Drogekonsum, Drogenhandel, Obdachlosegkeet a soziale Misère passen net méi an d'Bild. Déi Stater DP-CSV-Koalitioun reagéiert mat engem ëmmer méi aggressive Ruff no méi Moyene fir d'Police a mam Asaz vu private Sécherheetsagenten - a lenkt domadder vum eigentlechen Theema of, mengt d'Pia Oppel.
arrow_back_ios