Kultur
De Ruud Priem tëschent moderne Fotoen a Barockmolerei
Den éischte Juli 2020 huet de Ruud Priem säin Job als Conservateur fir international Sammlungen an eisem Nationalmusée ugetrueden. Den hollännesche Konschthistoriker, Joergang 1969, hat den MNHA 2019 kennegeléiert. Deemools hat hien, als Direkter vum Hospitaalmuseum vu Bruges, mam MNHA zesummen eng Expo iwwer spuenesch Barockkonscht op d'Bee gestallt.
Den Ufank a Corona-Zäite war fir de Ruud Priem zu Lëtzebuerg net evident, well eng éischt grouss Expo net konnt realiséiert ginn. Glécklecherweis war et méiglech, zwee Projete virzezéien. Explikatioune vum Kerstin Thalau.