Klassik aktuell
D'Zauberflöte als Héierspill
Dem Mozart seng Oper "Die Zauberflöte" hat vun der Uropféierung un enorme Succès. Dat hänkt engersäits un de ville flotte Melodien, anerersäits awer och un der Geschicht - e Märchen ëm Léift an d'Erwuesse ginn. Dat ass awer just een Aspekt vun de villschichtegen Deitunge vun der "Zauberflöte", déi op der Operebün meeschtens als grouss Léier iwwer Humanismus inzenéiert gëtt. D'6. Schouljoer vun der Waldorfschoul huet "Zauberflöte" elo als Héierspill an der Fassung vum Schwäizer Auteur Jakob Streit erausbruecht. De Guy Engels huet sech mat der Initiatrice vum Projet, der Marie-Paule Ries, an der Actrice Nora Koenig, déi d'Erzielerin ass, ënnerhalen.