arrow_back_ios
Klassik aktuell
FLAC net averstane mam Kompositiounsoptrag fir d'Expo 2020
D'Fédération Luxembourgeoise des Auteurs et Compositeurs ass net domat averstanen, datt de Kompositiounsoptrag fir d'Musek, déi bei der Weltausstellung am Lëtzebuerger Pavillon ze héiere wäert sinn, un en däitsche Kollektiv gaangen ass. Dat wier eppes, wat an anere Länner einfach ondenkbar wier, esou d'FLAC an engem Communiqué.
De Luc Boentges huet doriwwer mam Roby Steinmetzer, dem President vun der FLAC geschwat.