arrow_back_ios
Klassik aktuell
Chrëschtdag an der Philharmonie
Kee Public heescht fir d'Philharmonie net, keng Chrëschtdagsstëmmung. Wann d'Leit net kënnen an d'Haus kommen, net kënne beim traditionelle Chrëschtconcert vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg derbäi sinn, da gëtt d'Saach einfach ëmgedréit: Den Orchester a seng Ensembele gi bei d'Leit. Iwwer déi ganz Adventszäit huet d'Philharmonie e spezielle Programm fir d'Chrëschtzäit op d'Bee gestallt.