arrow_back_ios
Klassik aktuell
Best of Christmas Carols 2006-2019
Dee beléifte Christmas Carols Concert vun den Amis du Chant a Gäscht gëtt et zanter 1992. Den Ensembel huet 1995 en éischten Disk erausbruecht an duerno och e Best of aus de Joren 1992-2005. Elo gëtt et e weideren Disk mat deene beschten Amenter aus de Joren 2006 bis 2019. De Manuel Ribeiro huet mat der Mannette Kremer, Sekretärin, a mam François Theis, Dirigent vun den Amis du Chant, geschwat. Den Disk kann een ënner mannette.kremer@outlook.com bestellen.