Klassik aktuell
E Bünenhit
1697 reest den Zar Péiter de Groussen inkognito an Holland. Hien interesséiert sech fir de Schëffsbau a wëllt déi neisten Technik studéieren, fir Russland spéider mat enger effizienter Flott auszerëschten. D'Anonymitéit hält allerdéngs net laang. Anescht ass et an der musikalescher Bünefassung vun dëser politescher Rees. Hei kënnt et zu en etleche perséinlechen an diplomatesche Verwécklungen - wien ass Zar, a wien ass Zimmerman? - mat Happy End. Vun der Uropféierung un, den 22. Dezember 1837 zu Leipzig mam Komponist Albert Lortzing an enger Haaptroll war d'Oper "Zar und Zimmermann" e Renner am Repertoire.