Kultur
Den ale Schoulbus Toto ass bei de Kanner "gutt ukomm"
De leschte Freideg hu mir Iech op dëser Plaz d'UpFoundation virgestallt, eng Lëtzebuerger Stëftung, déi sech fir Bildung, Integratioun a Formatioun bei Kanner a Jugendleche staark mécht. Ënner anerem dowéinst haten d'Memberen am Summer 2020 de Bus Toto, mat Moler, Museker, Dänzer an Akrobaten queesch duerch Lëtzebuerg geschéckt, fir datt Jonker sech, och a Corona-Zäiten, am Espace public kreativ ausdrécken an defouléiere kéinten.
Am Lëtzebuerg City Museum gëtt bis den 28. Februar eng Aart Bilan vun den Aktivitéite presentéiert. D'Kerstin Thalau war "Toto, l'expo" kucken.