Klassik aktuell
Wat ass de Remix 22?
An Zäite vu Pandemie gouf den Dossier vum Kulturjoer Esch 2022 wuel manner thematiséiert. Mee den Event ass net vergiess, a verschidden Aktivitéiten kréie lues a lues Form, wéi zum Beispill de Remix 22, organiséiert vun der AEM, d'Associatioun vun de Lëtzebuerger Museksschoulen. Wärend dräi Deeg am Mee 2022 sollen iwwer 400 Concerten am ganze Land proposéiert ginn, dëst mat der Hëllef vum Enseignement musical an och der EMU, d'European Music School Union. Weider Partner ginn nach gesicht. De Manuel Ribeiro huet mam Romain Asselborn, dem President vun der AEM, iwwer de Projet Remix 22 geschwat.