Panorama
Panorama
Vott iwwer nei Covid-Restriktiounen iwwermuer an der Chamber An der Homeschooling-Woch no der Chrëschtvakanz soll keng nei Matière bäikommen, et sollen online Aufgaben, Widderhuelungen a Videokonferenze ginn SNE/CGFP fuerdert e laangfristegt a koherent Konzept fir d'Schoulen Handelsconfederatioun kritiséiert Fermeture vun net essentielle Geschäfter, dat hätt katastrophal Konsequenze, virun allem, fir kleng Butteker Keng Gedenkminutt op Silvester, mee eng Gedenkzeremonie op Nationalfeierdag fir d'Corona-Affer an déi Leit un der Front, esou d'Iddi vun der Inneministerin De Chef vu Biontech ass zouversiichtlech, datt den Impfstoff och géint déi nei Virus-Variant aus England schützt Groussbritannie weider isoléiert, nieft Luxair liwwert och Post net méi a Groussbritannien aus A Frankräich ginn eng 700 auslännesch Aarbechter als Merci fir hiren Asaz an der Pandemie naturaliséiert