Klassik aktuell
Chantier an der Kathedral
Bis op e puer Päifen ass déi grouss Uergel vun der Kathedral den Ament an Éisträich am Atelier vum Uergelbauer Rieger. Wärend d'Instrument renovéiert an erweidert gëtt, gëtt den Duxall vun der Kathedral op säi Retour virbereet. En neien Ustrach, en neie Buedem an eng Statik, déi d'Gewiicht vun der 26-Tonnen-Uergel droe muss, si just e puer vun de Sujeten, mat deene sech d'Architekte vun der Stad Lëtzebuerg auserneesetzen.
De Luc Boentges huet sech mam Axel Schneidenbach a mam Ben Moes vum Service Bâtiment an der Kathedral getraff, fir méi iwwer déi gebailech Dimensioun vun dësem Projet gewuer ze ginn.