Kultur
"Me, Family" ass an der Chrëschtvakanz 2020 virtuell
"Me, Family" sollt DÉI grouss Attraktioun am Mudam ginn: d'Foto- a Video-Expo war vun dräi italieenesche Konschtspezialiste fir sämtlech Niveauen a Galerië vum Pei-Musée, als zäitgenëssesch Ergänzung fir dem Edward Steichen seng berüümt "The Family of Man", konzipéiert ginn. Mee du koumen d'Corona-Restriktiounen, an de Montage mat 24 Kënschtler aus 14 Länner war net méi méiglech. Schliisslech gouf "Me, family" als digital Plattform lancéiert. Wéinst den neie Covid-19-Mesurë war esouguer d'Presentatioun vum Projet digital, also iwwer Zoom. D'Kerstin Thalau mat den Detailer.