arrow_back_ios
Klassik aktuell
Pandemonium
"Pandemonium" ass den Titel vum éischten Album vum Ensembel Willingdon House Music. Entstane sinn d'Opnamen am Kader vum éischte Confinement zu London. Wärend et fir vill Artisten net méiglech war zesummenzekommen an opzetrieden, haten déi véier Museker vum Ensembel d'Chance zesummen an enger WG ze wunnen. Ee vun dëse Museker ass de Lëtzebuerger Klarinettist Max Mausen. De Luc Boentges huet mat him iwwer dës Sortie geschwat.