Panorama
Panorama
Beim Aërdbiewe gëschter a Kroatien koumen op d'mannst siwe Leit ëm d'Liewen. De Bilan riskéiert nach ze klammen D'Corona-Restriktioune verschäerfen d'Ongläichheeten an der Schoul, sot den Ombudsman fir d'Rechter vu Kanner a Jugendlechen de Moien am 100,7 Interview Bei de Corona-Hëllefe fir d'Betriber zu Lëtzebuerg ginn d'Prozeduren als schwéierfälleg kritiséiert. Dem Minister Lex Delles no ass dat awer néideg Vaccin vun AstraZeneca/Oxford University gouf a Groussbritannien zougelooss Frankräich wëllt d'Ausgangsspären owes verschäerfen. D'Regierung géif plange vum 2. Januar un de Couvre-Feu a verschiddene Regiounen, dorënner de Grand-Est, vun elo 20 Auer owes op 18 Auer vir ze réckelen, esou de Gesondheetsminister An den USA gouf am Staat Colorado en éischte Fall gemellt vun där neier Variant vum Coronavirus, déi an England detektéiert gouf An der chineesescher Stad Wuhan, wou de Coronavirus ausgebrach war, hätte méiglecherweis eng hallef Millioun Leit, oder bal fënnef Prozent vun der Populatioun, de Virus scho gehat, esou eng nei chineesesch Etüd De Brexit Handelsaccord soll haut zu Bréissel a London ënnerschriwwe ginn. Am brittesche Parlament ass de Mëtteg och de Vott iwwer deen Accord