arrow_back_ios
Fräie Mikro
Iwwer Statistiken an aner Tricken
De Winston Churchill ass berüümt fir seng treffend Spréch, ënner hinnen dee folgende: "Ech gleewen nëmmen u Statistiken, déi ech selwer gedoktert hunn". Mee Statistike si manner dacks falsch, wéi einfach falsch verstanen. Wien net vu Beruff hier gewinnt ass domat ëmzegoen, ka bal net duerchblécken, wou d'Tricken an d'Fale leien, mengt de Jean-Jacques Rommes, laangjärege Vertrieder vun der Bankenassociatioun ABBL a vum Patronatsdaachverband UEL an aktuelle President vum Wirtschafts- a Sozialrot.