Kultur
E bësse Radau Radar fir en extrem rouege Silvester
Onerwaart Sounds a Geschichten aus interessante Gebaier erauskëddelen: dat ass d'Experiment, dat mir mat eiser Serie "ArchitekToun" woen. Och eng vun der Nika Schmitt hiren Approchen. D'Soundkënschtlerin hat fir de 5. Dezember eng impressionant Installatioun am Ausstellungscube Annexe 22 op der Escher Brill-Plaz opgeriicht. Mat Hëllef vu Parabolantennen a Rotatioun, Hautparleuren a Mikroen gëtt de Schall am Raum opgefaangen an nei reflektéiert. Zanter den neie Covid-Restriktiounen steet déi kinetesch Skulptur stëll, ass de Cube zou. An awer huet d'Kerstin Thalau dozou eng Klang-Anekdot fir Iech.