Kultur
Vun alle Visiteure verlooss: de World Airport am Mudam
Op e Flughafe goen, an e Fliger klammen, dat neit Joer op enger anerer Plaz souzesoe begréissen, dat ass momentan vill manner evident wéi nach an der rezenter Vergaangenheet. Gutt, datt am Mudam, am Kader vun der Ausstellung "25 Joer Mudam-Collectioun", dem Schwäizer Kënschtler Thomas Hirschhorn säi Meeschterwierk "World Airport" ze gesinn ass? Da kann ee sech wéinstens am Musée mam Sujet "Flughafen" kritesch ausenanersetzen?
Awer och dat geet op d'mannst bis den 10. Januar net. Dowéinst proposéieren d'Kerstin Thalau an d'Marie-Noëlle Farcy vum Mudam Iech elo eng Audio-Féierung duerch d'Installatioun.