arrow_back_ios
Klassik aktuell
Pianist a Poet
60 Joer laang ass den Alfred Brendel uechter d'ganz Welt gereest, Strapazen, déi hie scho laang net méi op sech hëlt. De Pianist, deen emol als "Philosoph am Klavier" beschriwwe gouf, hält Konferenzen, gëtt Meeschtercoursen, an hie schreift. De Brendel war kee Wonnerkand, huet eréischt mat 17 Joer säin éischte Concert gespillt. An awer ass hien ee vun deene bedeitendste Pianiste vum 20. Joerhonnert. Haut kritt den Alfred Brendel 90 Joer.