Kultur
"Fake better" mam Kënschtler Filip Markiewicz
Enn 2020 gouf de Kënschtler Filip Markiewicz, Joergang 1980, um Salon vum Cercle artistique mam Prix Pierre Werner ausgezeechent. Mir haten natierlech doriwwer bericht. Quasi parallel dozou war eng Publikatioun iwwer säi Projet "Celebration Factory", mat deem hie sech tëschent 2016 an 2020 befaasst huet, erauskomm. Statiounen dovunner waren eng Konschtgalerie an der englescher Industriestad Northhampton, den Theater Basel, de Casino Lëtzebuerg, e Konschtzentrum zu Derry an Irland an d'Kunsthalle Osnabrück. Explikatioune Kerstin Thalau.