Panorama
Panorama
Nei Covid-Reegelen zu Lëtzebuerg: Verschidde Restriktioune gi manner streng, anerer bleiwe bestoen: Ënner anerem gi Schoulen, Geschäfter an de Kutursecteur e Méindeg nees op. Den Horesca Secteur bleift zou Kritik vun den Oppositiounsparteien: Si soen, d'Infektiounszuele wieren nach ze héich, an d'Spideeler géifen nach ze staark belaascht ginn, fir Restriktiounen opzehiewen Start vun de Corona-Impfungen an den Alters- a Fleegeheemer zu Lëtzebuerg An Däitschland ginn d'Restriktioune bis Enn Januar verlängert a verschäerft Wie kontrolléiert an Zukunft de Senat an den USA? Am Staat Georgia huet d'Auszielung vun den decisive Stéchwalen ugefaangen Am US Staat Wisconsin gëtt de Polizist, deen op den Afroamerikaner Jacob Blake geschoss hat, net ugeklot, esou Procureur Zu Hongkong goufe ronn 50 pro-demokratesch Aktivisten a Politiker verhaft