arrow_back_ios
Klassik aktuell
Wat bedeit de Brexit fir d'Museker?
Den 1. Januar 2021 war et esouwäit, an den United Kingdom ass definitiv aus der EU ausgetratt. En Accord tëschent deene zwee gouf in extremis fonnt, mee Villes muss nach explizéiert ginn. Och fir Lëtzebuerger Museker, déi an England schaffen, bleiwen nach vill Froen op. De Philippe Schartz ass zanter iwwer 20 Joer Solo-Trompettist am BBC National Orchestra of Wales. Wat bedeit de Brexit fir hien am Beruff a privat? De Manuel Ribeiro huet mam Philippe Schartz geschwat.