Kultur
Déi jiddesch Communautéit Ioannina
Ioannina ass d'Haaptstad vun der griichescher Regioun Epirus, am Nordweste vum Land. D'Stad war iwwer Joerhonnerten en Zentrum fir jiddesch Kultur. Ënner der däitscher Occupatioun goufen allerdéngs déi meeschte Membere vun dëser Communautéit ëmbruecht. Haut ass déi jiddesch Glawensgemeinschaft Ioannina esou kleng, datt se bal keng Masse méi feiere kann. D'Judde vun Ioannina hu wëlles, e Musée opzebauen, fir d'Erënnerung un dat jiddescht Liewen zu Ioannina laangfristeg ze erhalen. Aus Griichenland den ARD-Korrespondent Thomas Bormann.