arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Vergnügungszug"
Wéi aner Orchesteren am Ausland an hei zu Lëtzebuerg, léist och de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg sech net vun der sanitärer Kris dervun ofhalen, de Meloman fir d'neit Joer ze wënschen. Muer Freideg ass den Neijoerschconcert online ze erliewen. Chef Invité ass dee laangjärege Chefdirigent Leopold Hager. Duerch de Concert begleet déi fréier Kulturministerin a Chamberpresidentin Erna Hennicot-Schoepges.