Den 10. Januar 1835 koum de Laurent - och genannt Lorenz - Menager am Pafendall op d'Welt. De Musekspedagog, Dirigent, Komponist an Organist war 46 Joer Museksproff um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg an dem Athénée. Hien huet Kompositioune gemaach fir Chouer, Symphonie, Operett, Kammermusek, Militärmusek a reliéis Musek. Den "Nationalkomponist" Laurent Menager stierft de 7. Februar 1902 am Alter vu 67 Joer.
arrow_back_ios